
Fannt de Lycée dee bei d'Besoine vun Ärem Kand passt
Wéi geet et no der Primärschoul weider? Awer virun allem: An wéi engem Lycée geet et weider? Fir Elteren a Schüler am Cycle 4, heibäi weiderhëllefen ze kënnen, organiséieren d’Lycéeën aus der Nordstad och dëst Schouljoer erëm hir „Schoulfoire“.
E Samschdeg, den 28. Januar stinn Iech hei vun 9 bis hallwer 1 an der Däichhal zu Ettelbréck 5 verschidde Lycéeë Ried an Äntwert.
Hei presentéieren sech de Lycée Classique de Diekirch, de Nordstad-Lycée, de Lycée technique d’Ettelbruck, de Lycée technique agricole an d’Ecole Privée Sainte-Anne an hëllefen Iech déi gëeegent Schoul ze fannen déi den individuelle Besoine vun Ärem Kand gerecht gëtt.
Weider Infos op https://schoulfoire-nordstad.lu/
