Um klenge Maarnecher Festival gëtt et eppes fir d'Oueren

Vum 11. bis de 16. Abrëll ass zu Cliärref den Internationalen Trombone Concours Michel Becquet.
Vum 11. bis de 16. Abrëll gëtt zu Cliärref den Internationalen Trombone Concours Michel Becquet organiséiert.
55 Tromboniste sinn am Lycée Edward Steichen zu Cliärref um Rendezvous fir d’Auditiounen an d’Halleffinall. Dëst vun dënschdes bis samschdes, vum 11. bis de 15. Abrëll. Jiddereen ass häerzlech wëllkomm. Den Entrée ass fräi. Kuckt op michelbecquet.fr.
D'Finale gëtt e Sonndeg, de 16. Abrëll um Cube 521 zu Maarnech zesumme mat der Lëtzebuerger Militärmusek.
An der Woch vum Concours ginn et am Cube 521 och aner flott Concerten am Kader vum Klenge Maarnecher Festival. De Concertsprogramm fannt Dir op cube521.lu.