La Casa della Pasta

E Foodtruck mat Pasta fir Ären nächsten Event? Kee Problem!
E gudde Rot mat La Casa della Pasta...
Esou wéi den Numm et scho verréit, gëtt et hei frësch Pasta wéi bei der „Nonna“.
La Casa della Pasta liwwert Iech Italieenesch Pasta virun d’Dier an dat siwen Deeg op siwen, ganz no hirem Motto „L’italie chez vous“, iwwersat „Italie bei Iech“!
Bestelle kënnt Dir ganz einfach iwwert den Online Shop op lapasta.lu.
Se stinn awer och mat hire Stänn op de bekanntste Mäert vum Land, wéi an der Stad, zu Diddeleng, Réimech, Dikrech, Ettelbréck a Stroossen.
Hei fannt Dir de Wocheplang.
Fir privat an och ëffentlech Events kënnt Dir La Casa della Pasta souguer mat hirem Foodtruck lounen! Zerwéiert gëtt selbstverständlech “Pasta to go”
Loscht op Pasta? Entdeckt hiert ganzt Sortiment an all hier Servicer op lapasta.lu!