Entdeckt den neie BTS Assitant médico-administratif a Maacher Lycée.

Am Maacher Lycée fannt Dir de BTS Assistant médico-administratif. D’Zil vun dëser Formatioun ass et dass de Student zu engem polyvalente Mataarbechter fir Doktesch-Cabinet’en, Cipaen, Spideeler, Rehazenteren oder paramedezinesch Zentren ausgebilt gëtt.

Den AMA ass d’riets Hand vum Dokter a responsabel fir den Accueil an d’Prise en Charge vum Patient. Gutt organiséiert sinn, sech mam Computer auskennen a mat sensibelen Daten diskret ëmgoen- dëst si wichteg Atouten.

Sou wéi och d’Patienten um Telefon oder am direkte Kontakt a verschiddene Sproochen empfänken, op si agoen an am Noutfall eng fachlech kompetent 1. Hëllef leeschten.

Weider Detailer fannt Dir op mlg.lu an de 6. Mee op der Porte Ouverte vum Maacher Lycée.

EGR - Maacher Lycée - 01/05 - 05/05/2023