D'Aschreiwunge laafe bis Ufank September.

Fir Jonker déi hir Première gepackt hunn a wëllen zu Lëtzebuerg an de Medie schaffe gëtt et de BTS Mediawriting am Lycée classique vun Dikrech. Hei gëtt een net nëmme geleiert fir Radio, Presse an Internet an eise 4 Sproochen ze kommunizéiere ma och Interviewtechniken ze beherrschen, kreativ oder informativ ze schreiwen, a virun an hannert de Kamera ze schaffen.

RTL

De BTS bitt eng praxisorientéiert 2-Jores-Héichschoulausbildung, déi duerch d‘Zesummenaarbecht mat verschiddene Betriber direkt op d'Beruffswelt virbereet mat Stagen, engem top equipéierte Gebai, a motivéierte Proffen vum Terrain aus der Lëtzebuerger Mediewelt.

D'Aschreiwungen sin op bis Ufank September an et sin nach Plazen frai. Mei Info op lcd.lu an och op Facebook.

E gudde Rot mam LCD: 27.06.2022
RTL

© Xavier Salomon & Ruben Waldhüter