Entdeckt d'Schiefergrouwen zu Uewermaartel

De Syndicat Intercommunal “Kanton Réiden” invitéiert dëse Weekend, den 8. a 9. Juli op de Weekend vum Wëlle Westen, een touristescht Fest fir Grouss a Kleng am Schifermusée zu Uewermaartel.
Entdeckt wärend deenen zwee Deeg alles wat de ‚Wëlle Westen‘ touristesch ze bidden huet.
Et erwaart iech Animatioun fir är ganz Famill, wéi gratis Visitte vun de Schifergrouwe, Live Concerten vu Powerblech an der Northern Big Band, Facepainting, mam Zuch fueren, Atelier mat de „Leekëpperten“, Ponyen, Alpakaen, Sprangseel bastelen, Ritterschëlder bemolen an  Iessen an drénken.
Méi Info och op visitwellewesten.lu oder op der Facebook Säit vum Visit Wëlle Westen

EGR Syndicat Intercommunal De Réidener Kanton