Et ass Grillfoire bei Feier a Flam um Wandhaff!
Kommt a léiert vun de Proffien, e Samschdeg 17. Juni 2023 vu 09:00-17:00
E gudde Rot mam Grillzenter Feier a Flam
De Grillzenter Feier a Flam um Wandhaff bitt alles, wat een als Grillmeeschter oder Grillmeeschtesch begiert ënner engem Daach. Dëse Samschdeg 17.06.2023 ass dann och hir grouss Grillfoire.
Hei hutt dir eng eenzegaarteg Geleeënheet vun internationalen Experten live op der Plaz e puer Tricke gewisen ze kréien fir Ärt Grillen doheem op de nächste Level ze bréngen.
Op der Plaz si Stänn vu bekannte Grillmarken a Pizzaiewen, e Whisky Stand wéi och Showgrillen. Donieft gëtt et och nach e Gewënnspill fir e performante Napoleon Phantom Grill ze gewannen a Facepainting fir d’Kanner. Natierlech gëtt et och eng Rëtsch Leckereie vum Grill fir ze schmaachen.
All Infoe fannt Dir op feier-a-flam.lu.