D'Kiermes am Gronn ass erëm do: Lët'z Festival
Organiséiert gëtt d'Kiermes dëst Joer vum Café des Artistes
E gudde Rot, mat der Lët'z Festival Kiermes am Gronn
D’Kiermes am Gronn gëtt nees opliewe gelooss! Kommt dëse Samschden 08.07.2023 an de Gronn wou den Optakt vun der Kiermes gefeiert gëtt.
Um 10 Auer Moies geet et lass, riicht duerch, an dat bis 10 Auer owes.
Kommt einfach mam Lift an de Gronn a verschaaft iech eng Iwwersiicht vun den Aktivitéiten. Nieft Iessen a Gedrénks ginn et natierlech wéi op all Kiermes och Schéissbuden, Intefëschen a souguer Sprangschlässer fir d’Kanner.
Doriwwer eraus gëtt et awer och en 12 Meter laangt Sprangschlass fir Erwuessener, déi hei géint ee Kolleeg oder eng Frendinn kënnen untrieden. Den Accès op all Sprangschlass ass gratis.
All d’Infoen zur Kiermes am Gronn, dëse Samschdeg, ginn et op letzfestival.lu. Organiséiert vum Cafe des Artistes.