Exklusiv nëmme mat lokale Produiten

Bis den 20. August ass beim Tourist Center Heringer Millen all Weekend déi grouss Mëllerdall Plage!

Eng eemoleg Location laanscht d’Waasser a matten an der Natur :

Beachfeeling ass garantéiert an dat exklusiv mat lokale Produiten!

Entspaant Iech a genéisst e Cocktail oder entdeckt d’Gedrénkskaart, déi komplett aus Produite vu Lëtzebuerger Produzente besteet.

De groussen an de klengen Honger gëtt hei mat de Mëllerdall Tapas, Mille Flued souwéi mat der hausmaacher Quiche gestëllt.

Donieft suerge live Concerten um Weekend op der Mëllerdall Plage fir déi richteg Stëmmung!

Stiecht Är Féiss an de Sand oder zappt se an d’Waasser a loosst déi entspanend Loungeambiance, mat der passender Musek op Iech wierken.

Méi op Facebook ënnert Mëllerdall Plage.