Den "Info-Zenter Demenz" hëlleft Iech

Den Info-Zenter Demenz – frot elo no am Plaz ofzewaarden.
Fänkt Dir un vergiesserlech ze ginn oder d’Orientéierung ze verléieren?
Frot Dir Iech, op ee vun Ären Eltere vläicht eng Demenz huet - Maacht Dir Iech Suerge wéi et mat hinnen an Zukunft viru geet?
Wann Dir Iech dës oder sou änlech Froe stellt, ass d’Ekipp vum Info-Zenter Demenz fir Iech do.
Si huelen sech Zäit fir Iech an hëllefen Iech gäre weider.
Dir kënnt si per Telefon, E-Mail oder an der Biedergaass an der Stad erreechen.
Dir gitt hei op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Portugisesch oder och op Englesch beroden. All hir Servicer si gratis.
Den Info-Zenter Demenz – frot no am Plaz ofzewaarden.
Zéckt net a rufft un um 26 47 00 oder kuckt op demenz.lu.