Memory walk vun der Association Lëtzebuerg Alzheimer

Ënnerstëtzt si a gitt mat
Am Kader vum Welt-Alzheimerdag invitéiert d’Associatioun Lëtzebuerg Alzheimer dëse Samschdeg, 23. September 2023 op hiren 22. Memory Walk.
Lass geet et um 11.00 Auer op der Place Clairefontaine an der Stad. Do kritt Dir Informatiounen iwwer Alzheimer esou wéi déi verschidden aner Forme vun Demenz an d‘Servicer vun der ala.
Weist ¨Är Solidaritéit mat de betraffene Leit a maacht mat beim Memory Walk, e flotten Trëppeltour, deen dëst Joer bei d’Gëlle Fra an op de Plateau Bourbon féiert.
Concerte vum Serge Tonnar & Band a vu Les Brasseurs sinn och um Programm.
Fir Iessen an Drénken ass beschtens gesuergt.
De Memory Walk vun der ala: dëse Samschdeg op der Place Clairefontaine an der Stad.
Umelle kënnt Dir Iech gratis op www.alzheimer.lu.