Digital Inclusion Asbl bitt hëllef mam Computer
3 verschidde gratis Computercoursen ginn ugebueden!
Digital Inclusion Asbl offréiert gratis Computercoursen op Lëtzebuergesch an anere Sproochen - D’Zil ass et méi autonom als Bierger an der digitaler Welt ze ginn.
D'Coursë ginn et op 3 verschidden Niveauen- Ufänger léiere fir d’éischt den Ëmgang mat Emailen.
An den anere Coursë léiert Dir dann ënnert anerem den Ëmgang mat MyGuichet, a ville weideren digitale Servicer, déi Iech den Alldag zu Lëtzebuerg vereinfachen!
A wann Dir Leit kennt déi sech kee Computer leeschte kënnen – da schéckt se och laanscht! All eis Servicer si gratis, dank dem Finanzement vun dem Familljeministère.
Digital Inclusion Asbl fannt Dir direkt nieft der Stater Gare an op digital-inclusion.lu