L'Audiophile am Doubletree by Hilton
Mat groussen Neiegkeeten a Punkto Hifi, High-End an Homecinema
Si dir begeeschtert vu Musek a Film?
L'Audiophile, den HIFI Spezialist zanter 1989 op der Paräisser Plaz organiséiert eng grouss Ausstellung de Samschdeg 21ten a Sonndeg 22ten Oktober am Hotel "Doubletree by Hilton" zu Dummeldeng.
23 Anlage vun iwwer 40 renomméierten Hiersteller ginn hei virgefouert, domat ass dëst déi gréissten Hifi, High-End an Homecinema Ausstellung déi jee zou Lëtzebuerg stattfonnt huet.
Wärend deem Salon gi ganz vill Neiegkeeten, nei Technologien a Premièrë virgestallt.
Iwwer 30 Spezialisten aus dem Ausland beroden Iech a beäntweren all är Froen.
Kommt also de Weekend vum 21ten an 22ten Oktober an den "Doubletree by Hilton" a loosst Iech verzauberen!
Grousse Parking a gratis Entrée.
Méi Info op www.audiophile.lu.