Fir déi sonneg Deeg am Liewen..

Bei Déco-Jardin um Rouscht ass dëse Freiden den Optakt vun hirem grousse Chrëschtmaart.
Op 1000 m2 fannt dir hei eng eenzegaarteg Chrëschtambiance mat enger immenser Auswiel u Chrëschtbullen, Käerze fir ären Adventskranz an alle Gréissten a Faarwen, déi schéinste Chrëschtdeko a ganz vill flott Kaddosiddien.

Déco-Jardin bitt iech och fäerdeg arrangéiert Adventsplattoen un, oder beréit iech gäre fir een Arrangement no ärem Wonsch op der Plaz zesummen ze stellen. Just dëse Freiden, Samschden a Sonnde kënnt dir vun 10% Remise op der ganzer Deko profitéieren an och op de Gaardemiwwel fannt dir grad elo flott an interessant Promotiounen.

Vill schéi Fotoen an déi genee Ëffnungszäiten fannt dir op deco-jardin.lu an och op Facebook.

E gudde Rot : 13.11. - 18.11.2023