Fir Elteren a Schüler aus dem Cycle 4

Wéi geet et no der Primärschoul weider? Awer virun allem: An wéi engem Lycée geet et weider? Fir Elteren a Schüler am Cycle 4, heibäi weiderhëllefen ze kënnen, organiséieren d’Lycéeën aus der Nordstad och dëst Schouljoer erëm hir „Schoulfoire“.

E Samschdeg, de 27. Januar stinn Iech hei vun 9 bis hallwer 1 an der Däichhal zu Ettelbréck 5 verschidde Lycéeë Ried an Äntwert.

Hei presentéieren sech de Lycée Classique de Diekirch, de Nordstad-Lycée, de Lycée technique d’Ettelbruck, de Lycée technique agricole an d’Ecole Privée Sainte-Anne an hëllefen Iech déi gëeegent Schoul ze fannen déi den individuelle Besoine vun Ärem Kand gerecht gëtt.

Weider Informatioune fann Dir op schoulfoire-nordstad.lu

EgR - LCD - LYCEE CLASSIQUE DE DIEKIRCH - 22.01. - 27.01.2024