Mat alle Verkéiersmëttele kennt een op d'Cliärrwer Wäistrooss

De 27ten an 28ten Abrëll ass vu mëttes 1 bis owes 7 Auer zu Cliärref d‘Cliärrwer Wäistrooss organiséiert vum  Cliärrwer Geschäftsverband.

7 Jonk Privatwënzer komme mat hire Wäiner op d‘Cliärrwer Wäistrooss. Et kritt ee Wäiner ze schmaache vun Häremillen, Paul's, Molling Wines, Domaine 64, Sunnen Hoffmann, Winery Jeff Konsbrück, Benoît a Claude Kox. Natierlech ass och fir lokalt a regionalt Iessen a Gedrénks gesuergt. Fir d’musikalesch Stëmmung, sinn HT Unplugged Samschdes um Start a Sonndes këmmeren sech ‚Les Brasseurs‘ an d‘Hengeschter Musik ëm d’gutt Laun.

Op d’Plaz kënnt een natierlech mam Transport public, wéi och mam Vëlo an Auto.

EgR - Cliärrwer Wäistrooss
RTL
RTL