Kreativ ginn a Wëssenschaft erliewen
De Musée Tudor invitéiert Iech op déi grouss Maker Faire!
Kniwwel-Ateliere fir Grouss a Kleng!
Hei fannt Dir iwwer 50 Kniwwel-Ateliere fir di ganz Famill, an Dir kënnt Technik a Wëssenschaft entdecken an ausprobéieren !
D’Maker Faire ass den 18. an 19. Mee vun 10h00 bis 6h00 Auer an der Sporthal am Bongert zu Rouspert! Iwwert déi 2 Deeg kënnt Dir Iech och am Musée Tudor vum lokale Fuerscher an Erfinder Henri Tudor elektriséiere loossen.
Den Entrée an d’Ateliere vun der Maker Faire a vum Musée Tudor si gratis, fir Iessen a Gedrénks gëtt vun de lokale Clibb gesuergt.
Eng Navette ass och fir d'Maker Faire organiséiert, weider Informatiounen fannt Dir op makerfaire.lu
E Gudde Rot mam Musée Tudor
Am meeschte gelies