Porte-Ouverte dëse Samschdeg bei Carrelage Trierweiler
Gutt Berodung inclus
Entdeckt déi nei Welt vu Plättercher a Placken op där grousser Porte-Ouverte, dëse Samschdeg den1. Juni 2024 bei CARRELAGE TRIERWEILER am Showroom zu Miersch um Mierscherbierg.
Dësen Traditiounsbetrib zanter 1951, steet fir eng fachmännesch Berodung am Neibau oder der Renovatioun, sief et fir bannen oder fir de Bausseberäich.
Nieft de geleefege Formater vun 30x 30 bis 80 x 80cm, fannt Dir hei och e grousse Choix u Groussformatsplacken an Decoren bis zu enger Gréisst vun 280 x 120cm.
Ausserdeem gëtt Iech och nach hier nei Gamme fir Robinetterie an Duschwän presentéiert an Dir kënnt Iech vun der Buedem- a Wandheizung vu Schlüter iwwerzeege loossen.
Kuckt och op Trierweiler.lu esou wéi op Facebook an Instagram.