Vum 1. Juni bis den 31. Juli
D'Lënster Plage geet an déi 3. Ronn!
Beachfeeling, Cocktailer an DJ Sets.
Et ass souwäit - d’Lënster Plage geet an di 3. Ronn!
Dëst Joer nach méi grouss, mat nach méi Programm a mat nach méi Beachfeeling! Loosst Iech kulinaresch verwinnen a genéisst summerlech Plate mat frësche Produiten oder loosst Iech ee gudde Cocktail am Sand zerwéieren!
Sitt dir gestresst op der Aarbecht? Da verbréngt är Mëttegpaus oder Ären After-Work op der Lënster Plage! Live Musek an DJ Sets suergen hei ëmmer fir déi richteg Stëmmung!
D’Lënster Plage ass vum 1. Juni bis den 31. Juli op an dat mëttwochs bis sonndes vun 11h00 Moies bis 11h00 Owes.
Reservéiert ären Dësch elo op lensterplage.lu
Méi Infoe fannt dir och op Facebook oder Instagram.
EgR mat der Lënster Plage: 27.05. - 01.06.2024
Am meeschte gelies