Léiert d'Welt vun deemools kennen

E gudde Rot mat den "Amis du Château de Vianden".

Geschichtsintresséiert Leit spëtzen hei elo besser hier Oueren!

Well den 1. an 2. Juni heescht et zu Veianen :

Portae temporis - D’Liewen vu fréier

Gitt mat op eng Rees an d’Vergaangenheet a léiert d‘Schlassbewunner vun deemools kennen :

D’Handwierker, Edeldammen oder d’Zaldoten.

Erlieft Virféierungen aus de verschiddensten Epochen, vum 13. bis dem 19. Joerhonnert, vun der deemoleger Musek, der Waffentechnik oder der Moud.

Sidd och beim historesche Moudendefiléë mat dobäi fir déi deemoleg Trends kennen ze léieren.

Portae temporis den 1. an 2. Juni am Schlass zu Veianen – En Evenement fir déi ganz Famill

Kuckt op www.castle-vianden.lu.

EgR : 27.05. - 01.06.2024