Besicht de Réidener Kanton

De Syndicat Intercommunal “Kanton Réiden” invitéiert op hiert touristescht Fest fir Grouss a Kleng. Dëse Samschden, den 29ten Juni op der Useldenger Buerg.
Entdeckt deen Dag alles wat de ‚Wëlle Westen‘ touristesch ze bidden huet. Et erwaart iech Animatioun fir är ganz Famill, wéi gratis Visitte vun der Buerg, Live Concerte, Facepainting, Alpakaen, Potty Lotty, Ritterschëlder bemolen, Iessen an drénken a villes méi.
Dat ass awer nach net alles! De Weekend vum Wëlle Weste gëtt Sonndes mat engem flotte 6km laange Rallye ofgeronnt, deen iech Useldeng entdecke léisst.
Méi Info och op visitwellewesten.lu oder op der Facebook Säit vum Visit Wëlle Westen.

EGR Syndicat intercommunal De Réidener Kanton