Setzt en Zeechen a sidd mat derbäi

E Samschdeg, den 21. September ass Welt-Alzheimerdag. An dësem Kader invitéiert d’Associatioun Lëtzebuerg Alzheimer op hiren 23. Memory Walk.
Lass geet et um 11.00 Auer op der Place Clairefontaine an der Stad. Do kritt dir Informatiounen iwwer Alzheimer, déi verschidden aner Forme vun Demenz an d‘Servicer vun der ala. 
Weist är Solidaritéit mat de betraffene Leit a maacht mat beim Memory Walk, e flotten Trëppeltour, deen dëst Joer vum Knuedler laanscht de Palais an d’Chamber féiert. 
Concerte vun Jukebox, Les Brasseurs a vum MIL-Chouer sinn och um Programm. 
De Memory Walk vun der ala: dëse Samschdeg op der Place Clairefontaine an der Stad. 
Umelle kënnt dir iech gratis op www.alzheimer.lu.

E gudde Rot mat der Association Alzheimer