La Casa della Pasta elo mat enger eegener Boutique zu Walfer
Lount hire Foodtruck fir Ären nächsten Event
Dir kennt hier lecker frësch Pasta, wéi vun der “Nonna”, sécherlech scho vun de Foodtrucks oder vum Maart.
Ma elo huet d’Casa della Pasta souguer hier eegen “Epicerie fine” zu Walfer.
Vun Dënschdes bis Freides ginn et hei ënnert anerem frësch gemaache Platen, wéi Lasagna, Pene a la rabiata, Tortellini Carbonara a nach vill méi.
Genéisst mat “La Casa della Pasta” och glutefräi Nuddelen.
Si liwweren vun Dënschdes bis Samschdes bei Är Hausdier, ganz no hirem Moto „L’italie chez vous”
Fir privat an och ëffentlech Events, kënnt Dir La Casa della Pasta souguer mat hirem Foodtruck lounen!
Selbstverständlech fannt Dir si och ëmmer nach op de Mäert uechtert d‘Land.
Kuckt elo op www.lapasta.lu.