Kommt dëse Samschden a Sonnden op hir grouss Porte Ouverte!

D’Armurerie Paul Frauenberg feiert 30 Joer a lued Iech an op hir Porte Ouverte den 21. an 22. September. 
Zanter 1994 steet dësen Traditiounsbetrib fir eng fachmännesch Berodung am Beräich vun der Juegd an dem Sportschéissen. 
Donieft bidde sie Iech och en exzellente Service an hirem professionnellen Atelier an op hirem hauseegene Schéisstand.

RTL

Op der Porte Ouverte erwaarden Iech Representante vun 12 internationale Firmen, een enorme Choix u verschiddenen Artikelen vun de bekannste Marken an natierlech ass och fir Iessen a Gedrénks gesuergt.

Déi grouss Porte Ouverte bei der Armurerie Paul Frauenberg den 21. an 22. September vun 9h00 bis 17h00.

RTL

Méi Informatioune fannt Dir op armurerie-frauenberg.lu oder op Facebook oder Instagram.

E Gudde Rot mat der Armurerie Paul Frauenberg