LU-CIX, d'Chambre de Commerce an de Ministère fir Digitaliséierung hunn sech zesumme gesat fir Luxchat un den Public ze bréngen.

Luxchat ass d'Lëtzebuerger Chat-Léisung mat där Dir op eng sécher Aart a Weis zu zwee oder mei kënnt kommunizéieren, an dat zu all Moment an egal wou Dir sidd.

D’App ass gratis, enthält keng Reklammen, keng Vermaartung vun de Benotzer-Daten, a respektéiert Är Privatsphär.
Si erlaabt Iech Messagen, Dokumenter, Biller a Videoen auszetauschen. Et kann een och mat anere Benotzer telefonéieren, mat oder ouni Video, an nach villes méi.
 
D’App Luxchat kënnt Dir benotzen um iPhone, Android oder an engem Web Browser esou wéi um Computer mat Windows oder macOS. Esou, kënnt Dir se benotzen egal ob Dir Doheem, um Büro, oder ënnerwee sidd.

Let’z chat mat Luxchat !

EgR Luxchat