Vum 1. bis 5. Oktober um Belval Plaza
Verluere Päck ginn nees verkaf beim King Colis
Sicht Iech een oder méi Päck eraus, bezuelt a kuckt wat dir esou dra fannt!
Déi nächst Editioun vum King Colis ass dës Kéier am Shopping Center Belval Plaza. Se si mat 7 Tonne verluerene Päck op der Plaz an dir kennt Iech är am Zäitlimitt vun 10 Minutten eraussichen. Et dierf een d‘Päck net opmaache bis ee bezuelt huet. De Präis gëtt op pro 100gr verrechent.
Vun Donneschdes dem 1ten bis Samschdes de 5ten Oktober kann ee vu Moies 10h bis owes 20h sech een oder méi Päck eraussichen a mat bëssi Chance ee vun den 8 gëllenen Ticketen fannen.
Umeldung an Infoen op king-colis.com
EgR King Colis
Am meeschte gelies