Et ginn direkt 2 Gebuertsdeeg ze feieren
30 Joer BEO - 25 Joer Ourdaller
Ourdaller a BEO sti fir regional Qualitéitsliewensmëttel vun der Our.
E gudde Rot - Mat der BEO an dem Naturpark Our
D’BEO also d‘ “Bauerenintiativ fir d’Eislek an den Naturpark Our” feieren 30 Joer. Dëse Samschden vun 11:00 un zu Kaalber!
Dat sinn 30 Joer am Déngscht vun enger regionaler Landwirtschaft am Naturpark Our.
Dobäi kënnt de Gebuertsdag „25 Joer Ourdaller Produkter“!
Dat si 25 Joer Produktioun vu 5 héichwäertegen, kaalgepressten Uelecher, 6 verschidde Goûte vu Moschtert, an enger ganzer Rei vu Wëllkar-, Läin-, an Hanfprodukter.
25 Joer Natur puer vun der Our, mat Transparenz, Tracabilitéit a Qualitéit.
Kommt dëse Samschdeg op d’Porte ouverte mat Visitten, Degustatiounen a Sprangschlass!
Alles op ourdaller.lu.
Am meeschte gelies