Den 23. a 24. November um Gaalgebierg
Wanterfest am Escher Déierepark
Hei fënnt ee Croquexemännecher, Schnéiflacken, Waffelbeemecher a villes méi.
Den 23. a 24. November luet den Escher Déierepark Iech an op hiert Wanterfest um Gaalgebierg.
Léiert Déiere mam Numm kennen, lauschtert Geschichten a fuert Schlittschong. Och kann een en Tour matt der Päerdskutsch maachen oder souguer eng Foto mam Kleeschen. Am eenzegaartegen Igluduerf am Déierepark, wou d’Haiser op de Beem wuessen, kënn Dir Iech op d’Sich maache bei de lokale Konschthandwierker no Kaddoe fir Är Léifsten.
Kommt laanscht béid Deeg vu Moies bis owes. Parkplazen si limitéiert an de Gaalgebus fiert all 30 Minutten.
Méi Info op deierepark.esch.lu
EgR Escher Déierepark
Am meeschte gelies