Wichteg Message ronderëm déi global Ernärung a Landwirtschaft
De Filmfestival Alimenterre leeft bis den 06. Dezember
De Filmfestival ass eng Initiativ vum SOS Faim
D’Zil vun dësem internationale Festival ass et d’Leit op d’Sujete vun der globaler an nohalteger Ernärung a Landwirtschaft opmierksam ze maachen.
De Festival fënnt schonn a 17 europäesche, afrikaneschen a latäinamerikanesche Länner statt.
Am Kader vun der Lëtzebuergescher Editioun ginn op ville Plazen 5 verschidden Dokumentarfilmer zu dësen, a weideren Theme gewisen.
Zesumme mat senge Partner organiséiert de Festival Alimenterre, Debaten, Atelieren a Renconteren individuell a kollektiv Efforten ze encouragéiere an nohalteg Systemer fir Ernärung a Landwirtschaft ze fërderen.
Wat wéini stattfënnt fannt dir op festivalalimenterre.lu.
E gudde Rot mat SOS FAIM: 18.11. - 23.11.2024
Am meeschte gelies