Chrëschtambiance puer

E gudde Rot mam Schiefermusée vun Uewermartel.
 
Dëse Weekend, e Freideg den 29. November an e Samschdeg den 30. November 2024 ass nees Chrëschtmaart zu Uewermaartel am Schiefermusée.
Iech erwaarde wanterlech Verkafsstänn, Virféierungen an der Schmëtt, saisonaalt Iessen a Gedrénks.
Museker, Clownen a Magier verzauberen déi fréier Leekoll mat Spalthaus, Seeërei, Leekëppertbar a Bopebistro.
De Chrëschtmaart ass dëse Freideg Owend vu 7 bis 11, an e Samschdeg vu 4 bis 11 Auer op.
Och de Schiefermusée mat sengem ënnerierdesche Parcours duerch de Leekëpperten hir majestätesch Ofbaukummeren huet verlängert Ëffnungszäiten.
Detailer op ardoise.lu.
De Chrëschtmaart zu Uewermaartel gëtt ënnerstëtzt vu Boissons Wallers vun Heischent.

E gudde Rot Les Amis de l'Ardoise ASBL