Dir hutt e flotte Jugendprojet am leschte Joer organiséiert?
Da mellt Iech fir de Jugendpräis vum SNJ
Den SNJ wëll dem Jugendsecteur déi Opmierksamkeet verschaffen, déi se verdéngen.
D’Zil vum Jugendpräis ass et Projeten aus dem Jugendsecteur eng méi grouss Visibilitéit ze ginn. An dësem Secteur gëtt nämlech eng wäertvoll Aarbecht fir eis Gesellschaft geleescht.
Den SNJ wëll dem Jugendsecteur déi Opmierksamkeet verschaffen, déi se verdéngen.
Dofir sicht den SNJ no flotte Jugendprojeten, déi vun, fir oder mat Jonken tëscht 12 an 30 Joer stattfonnt hunn. Dëst am Zäitraum vu Januar 2023 bis Dezember 2024.
Fir méiglechst divers Projeten unzeschwätze ginn et dofir 4 Kategorien.
Och dir kënnt äre Jugendprojet nach bis den 31. Dezember via jugendprais.lu erareechen.
EgR: SERVICE NATIONAL DE LA JEUNESSE (SNJ) 09.12. - 14.12.2024
Am meeschte gelies