Wäifoire an der Luxexpo vum 29.01 - 02.02.2025
Onofhängege Wënzer aus de Regiounen Bordeaux an Nei Aquitaine
E flotte Rendez vous fir all Amateur vu gudde Wäiner ass vun e Mëttwoch 29.01.25 bis e Sonndeg 02.02.2025!
Wärend dësen Deeg fënnt nämlech den 19. Wäi-Salon vun de Regioune Bordeaux an Nei-Aquitaine an der Luxexpo The Box statt!
Hei trefft Dir op 39 onofhängeg Wënzer, houfreg Vertrieder vun hirer Regioun a kënnt ronn 50 Appellations d’origine kenneléieren, schmaachen an direkt beim Wënzer akafen ! Dorënner och eng ganz Partie biologescher Wäiner.
Net feelen duerfe Stänn mat regionale Produkter an e Wäiglas fir ze schmaachen offréiert fir all Visiteur ! E Mëttwoch bis e Sonndeg an der Luxexpo an op vigneron-independant-aquitaine.com.