Lombardi Sports plënnert op Féiz
Lombardi Sports misst wuel de meeschte Leit hei am Land e Begrëff sinn, et gëtt d’Sportsgeschäft nämlech schonn zanter 113 Joer!
Elo ass de Familljebetrib op Féiz geplënnert. D’Ekipp an de gewinnte Service bleiwen awer genee déi selwecht, ganz ënnert dem Motto „same Team, new Place“.
Och un der neier Adress fannt Dir ee Vëlosatelier mat iwwer 400 Modeller, och Reparature kënnt Dir do maache loossen.
Fir Sportarte wéi Turnen, Handball, Futtball, Badminton, Dëschtennis, Basketball a Schwammen ass och gesuergt,
Op 250m2 fënnt ee bei Lombardi och een eegenen Atelier, dee spezialiséiert op d’Broderie ass, hei kënnt dir Kleedung fir Iech oder fir eng Ekipp personnaliséiere loossen.
Gitt laanscht an hiert neit Geschäft an der Industriezon zu Féiz oder kuckt och elo schonn op lombardisports.lu.