Ob Dir am Gemengesecteur, beim Staat oder enger ëffentlecher Institutioun schafft, d'CHFEP vertrëtt d’Stëmm vun all Beamten an Employé.

Am Mäerz ginn d'Vertrieder vun der Chambre des fonctionnaires et employés publics gewielt, déi wärend hierem Mandat vu 5 Joer Är Interessen a Rechter verdeedegen. Als Mataarbechter vum ëffentlechen Déngscht, egal ob aktiv oder pensionéiert, kënnt Dir vum 6. bis de 26. Mäerz per Bréifwal d'Resultat matbestëmmen.

Gitt Är Stëmm of fir:

·         fair Aarbechtsbedingungen;
·         ee modernt Aarbechtsëmfeld am Aklang mat Ärem Privatliewen;
·         Är Beruffschamber weider ze stäerken als wichtegen Acteur vum legislative Prozess.

De Ball läit elo bei Iech!
Nach bis de 26. Mäerz…

Op www.chfep.lu/sozialwalen gitt Dir méi gewuer.

E Gudde Rot mat der CHFEP