Op 2 Plazen: Dummeldeng an Déifferdeng
De Lycée Privé Emile Metz mécht den 8. Mäerz seng Diere grouss op
Entdeckt hir villsäiteg Offeren
Ass Äre Choix vun engem Lycée fir déi nächst Rentrée scho gemaach?
De Lycée Privé Emile Metz verlaangt kee Schoulgeld a proposéiert am Enseignement Secondaire Général, Klasse vu 7ème bis 1ère.
Vum September 2025 u ginn och zu Déifferdeng 7ièmes Klassen ugebueden.
An der Beruffsausbildung bitt den LPEM gefroten Handwierksberuffer mat Zukunft an de Beräicher Mécanique, Elektrotechnik, Schräinerei an Informatik.
Loosst Iech vum LPEM iwwerzeegen a kommt op d'Porte Ouverte, dëse Samschden, den 8. Mäerz, vun 9:00-13:00 Auer zu Dummeldeng an zu Déifferdeng oder besicht eis online op lpem.lu.
E gudde Rot Lycée privé Emile Metz
Am meeschte gelies