Mir brauchen Handwierker!

Ass Äre Choix vun engem Lycée fir déi nächst Rentrée scho gemaach? 
De Lycée Privé Emile Metz verlaangt kee Schoulgeld a proposéiert am Enseignement Secondaire Général, Klasse vu 7ème bis 1ère an ab der Rentrée 25 och eng franséischsproocheg 7G.
An der Beruffsausbildung bitt den LPEM gefroten Handwierksberuffer mat Zukunft an de Beräicher Mécanique, Elektrotechnik, Schräinerei an Informatik. 
Loosst Iech vum LPEM iwwerzeegen a kommt op eis Porte Ouverte, dëse Samschde vun 9:00-15:00 Auer zu Dummeldeng an zu Déifferdeng. 
Besicht eis fir méi Infoen online op lpem.lu.

E gudde Rot Lycée Privé Emile Metz