Nieft dem Schmaachen geet et hei och em sympatesch Gesellegkeet.

D’Miseler kommen an d’Eisleck!“ heescht op der Cliärrwer Wäistrooss. An déi ass den 10. an 11. Mee 2025 vu mëttes 1 bis owes 7 Auer zu Cliärref, organiséiert vum  Cliärrwer Geschäftsverband.
7 Jonk Privatwënzer komme mat hire Wäiner op d‘Cliärrwer Wäistrooss: Et kritt ee Wäiner ze schmaache vun Häremillen, Paul's, Molling Wines, Domaine 64, Sunnen Hoffmann, Winery Jeff Konsbrück, Benoît a Claude Kox. Natierlech ass och fir lokalt a regionalt Iessen a Gedrénks gesuergt. Fir d’musikalesch Stëmmung, si sonndes HT Unplugged um Start.
Op d’Plaz kënnt een natierlech mam ëffentlechen Transport, wéi och mam Vëlo an Auto.

E gudde rot mat der UNION COMMERCIALE ET ARTISANALE KLIERF
RTL