En Tour op Klierf ass wéi eng kleng Vakanz heiheem.

Kommt bis op Cliärref a schmaacht a richt wat Südfrankräich alles ze bidden huet!
Dëse Weekend, vun Donnësten  bis e Sonnden nach mat, ass zu Cliärref eng méi lass! An zwar kënnt de Marché Provençale nees op Cliärref!
Iech erwaarden hei regional a lokal Produiten aus dem schéine Süde vu Frankräich. D’Aussteller an hir eenzegaarteg Produite fannt Dir och just zu Cliärref ! Dat sinn ënnert anerem Iessen, Gedrénks, Seefen an awer och villes méi, dofir kommt laanscht luussen!
Wat mir Iech scho verrode kënne, ass dass een sech fillt wéi wann ee selwer a Südfrankräich wier mam ganze Lavendeldoft.
Erlieft e Stéck Südfrankräich an dat am Häerz vu Cliärref - Cliärrwer Geschäftsleit freeën sech op Iech !