Fannt Iddie fir am Alldag kleng Schrëtt ze goen, déi fir eis Ëmwelt awer ee groussen Ënnerscheed maachen.

Sidd Sonndes, den 18. Mee, beim Klima- a Biodiversitéitsdag dobäi, deen dëst Joer zesumme mam Natura 2000 Dag am Centre Culturel Machera zu Gréiwemaacher gefeiert gëtt.

En Dag ronderëm eis Natur an d’Klima, mat villen Aktivitéite fir Grouss a Kleng !

Um Programm :

Eng Quiz Show mam Mr Science, eng interaktiv Show fir Kanner, e Repair Café, artisanal a regional Produiten, an divers Workshopen, Spiller, Live Virträg, Ausstellungen an interaktiv Informatiounsstänn.

Dat ganzt vu Moies 10 Auer bis Nomëttes 5 Auer, mat gratis Entrée.
 
Organiséiert vum SIAS an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit an der Stad Gréiwemaacher.
 
Fannt all d’Detailer an de kompletten Dagesoflaf op klimadag.lu

EgR SIAS: 12.05. - 17.05.2025