Organiséiert gëtt d'Fest vu Consilium B, déi selwer voll am Mëttelalterthema dra sinn.

E Gudde Rot mam Mëttelalterfest vu Consilium B

Reest an d’Zäit zeréck mat der mëttelalterlecher Lagergrupp vu Rëmeleng:
 
Entdeckt vill Händler, mëttelalterlech Kläng vun Musica Canora, eng spektakulär Feiershow, an Animatioun fir Grouss a Kleng mam Gaukler Timelino.
 
Oder relaxt ganz einfach am Zuber oder an der Shishabar.
  
Gitt laanscht, dëse Samschde, 5. Juli vu moies 11 bis owes 11 an e Sonndeg vun 11 bis 6 owes, zu Rëmeleng am Park ënnert dem Fussballsterrain. 
 
Den Entrée ass 8€ a just 6€ wann dir gewandet kommt oder Student sidd. A fir Kanner ënnert der Schwäertmooss ass den Entrée suguer fräi. Profitéiert och vun de gratis Navetten um Parking Kihn.

Méi op consilium-b.com