Demy Schandeler bréngt Iech op déi schéinsten Destinatiounen!
De beléifte Wanterkatalog vun Demy Schandeler ass eraus!
Och dës Kéier fënnt ee ganz vill Vakanzenhighlights do dran, besonnesch fir d’Advents- a Silvesterzäit, awer och scho fir d‘Fréijoer. Am Dezember kennt Dir direkt dräi europäesch Haaptstied wärend engem Trip entdecken. Wien, Budapest a Prag – all Stad huet hiren eegene Charme an eege Kultur. Oder wéi wier et mat Silvester um Mier! Hei flitt Dir op d’Costa del Sol – mat angeneemen Temperaturen, schéine Plagen an engem gudde Schotz andalusescher Liewensfreed!
De Wanterkatalog fannt Dir an alle 6 Demy Schandeler Reesagencen – oder sicht Iech Är passend Rees op demy.lu eraus.
D’Equipe vun Demy Schandeler freet sech op Iech a wënscht elo schonn eng schéi Vakanz!