Fir Erwuessener a Kanner!

Hutt dir Loscht de “Wëlle Westen” vu Lëtzebuerg op eng besonnesch a spilleresch Manéier ze entdecken a flott Präisser ze gewannen? Da maacht mat bei de Quiz-Rallye vum TouristInfo Wëlle Westen.

Erwuessener kenne bis de 17 August den Indizien duerch all d’Gemenge vum Kanton Réiden an der Gemeng Mäerzeg nogoen, fir de Fluch vun der Hex Katrin Theis ze briechen. D’Kanner kënne mat hire Famillje vum 18te bis den 31ten August bei engem flotte Vëlo-Quiz-Rallye, mat Startpunkt zu Useldeng, deelhuelen.

Ze gewanne ginn et eng sëlleg flott Präisser, wéi eng Iwwernuechtung am Hotel „La Différence“, e Consommatiounsbong am „Péitche Lauer“, a villes Méi!

Méi Infoen an d’Umeldung fannt dir op visitwellewesten.lu

EgR : 04.08. - 09.08.2025