D’Zil ass et méi autonom als Bierger an der digitaler Welt ze ginn.

Digital Inclusion Asbl offréiert gratis Computercoursen op Lëtzebuergesch an anere Sproochen.

D'Coursë ginn et op 3 verschidden Niveauen- Ufänger léiere fir d’éischt den Ëmgang mat Windows a Mailen.

An den anere Coursë léiert Dir dann ënnert anerem mat Passwierder ëmzegoen, den Ëmgang mat MyGuichet, a ville weidere lokale Plattformen, déi Iech den Alldag zu Lëtzebuerg vereinfachen!

A wann Dir Leit kennt déi sech kee Computer leeschte kënnen – da schéckt se bei eis fir ee gratis Occasiounscomputer! All hir Servicer si gratis, an si ginn duerch d’Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil ënnerstëtzt.

Digital Inclusion Asbl fannt Dir zu Bouneweg an op digital-inclusion.lu

EgR: DIGITAL INCLUSION A.S.B.L. 01.09-06.09.2025