Praktesch mat der Navette dohinn

Croquexemännescher, Zauberschokki a Waffelbeemescher?
..wou gëtt et dat dann?
Am Escher Déierepark um Wanterfest dëse Samschdeg a Sonndeg.
Kommt laanscht!
Léiert Déiere mam Numm kennen, lauschtert Geschichten, fuert Schlittschung, een Tour matt der Päerdskutsch, eng Foto mam Kleeschen oder fannt är Kaddoe fir är Léifst bei eise lokale Konschthandwierker am eenzegaartegen Igloduerf am Déierepark ..um Gaalgebierg…wou d’Haiser op de Beem wuessen.
350 gratis Parkplaze matt Navette stinn am Enovos Parkhaus an der rue Berwart zur Verfügung.
Méi Info fannt Dir och op https://deierepark.esch.lu/lu/event/wanterfest.

E gudde Rot Escher Déierepark