Eng Rei Verstéiss bei Kontrollen am Garer Quartier an zu Bouneweg festgestallt
© Police
E Mëttwoch hunn d'Police an d'ITM gemeinsam Kontrollen am Garer Quartier an zu Bouneweg gemaach.
De Fokus louch op de Gesetzer a Reglementer a punkto Caféen a Gastronomie, den Drogegesetzer an dem Immigratiounsgesetz.
Am Kader vun de Kontrolle goufen dräi Avertissements taxés ausgestallt an et gouf zwee Mol Protokoll wéinst Verstouss géint d'Drogegesetzer erstallt.
Iwwerdeems goufen zéng Persoune kontrolléiert, déi beim Inneministère signaliséiert waren. Bei enger vun hinne gouf d'Identitéit iwwerpréift a bei enger anerer goufe Fangerofdréck geholl. Bei zwou weidere Persounen huet sech erausgestallt, dass e Mandat d'arrêt géint si virlouch. Allebéid koumen no enger medezinescher Kontroll an de Prisong Uerschterhaff an Untersuchungshaft.
Iwwerdeems goufen dräi Protekoller wéinst Verstéiss géint d'Gesetzer a punkto Gastronomie respektiv d'Aarbechtsgesetz geschriwwen.
Am Ganze waren 19 Beamte vun der Police a 6 Beamte vun der ITM un de Kontrolle bedeelegt.