Dat seet den Ihor Brusylo, de Chef adjoint vum Cabinet vum President Selenskyj, am RTL-Interview.

Den Ihor Brusylo schafft zanter 2021 direkt un der Säit vum President Selenskyj an ass och ee vun deem senge wichtegste Beroder, wat d'Aussepolitik ubelaangt. Den Top-Diplomat huet ënner anerem de President am Kader vun de Friddensgespréicher op Washington begleet. Dee rezenten 28-Punkte-Plang beschreift de Brusylo als Kader fir déi neist Gespréichsronn.
 
"D’Verhandlunge lafen nach. Ech kann net soen, datt dat hei d’Enn vum Spill ass. E wäert och der russescher Säit presentéiert ginn, sou wéi ech verstanen hunn. Vun eisen amerikaneschen Alliéierten a Partneren. An da musse mir op d’mannst e Feedback vun der russescher Federatioun kréien, fir ze verstoen, ob si iwwerhaapt wëlles hunn, Friddens-Optiounen a Betruecht zéien a wéi staark si bereet sinn, fir als éischt e Waffestëllstand.“
 
Mam Bléck op den Detail sinn d’Sécherheetsgarantien en Haaptthema.
 
"Fir eis ass eng staark ukrainesch Arméi eng vun den Top-Prioritéiten a Punkto Sécherheetsgarantien, déi een der Ukrain ka ginn. Als zweet kënnt eng zouverlässegen a staark Loftofwier iwwer der Ukrain, déi eis Alliéiert a Partner aus den USA an Europa ubidden. Déi drëtt Saach, déi ech ervirhiewe géif, ass eng staark ukrainesch Verdeedegungsindustrie. Mir musse staark genuch sinn, fir sou vill Waffesystemer a modern Technologië wéi méiglech ze produzéieren. Fir all Versuch, wou d’russesch Federatioun eis nees ugräife wéilt ze verhënneren."
 
E Bäitrëtt an d'Europäesch Unioun gëtt als weider Sécherheetsgarantie ugesinn. D'Ukrain géif zum Europäesche Kontinent gehéieren. D'Ukrain wier e Land mat vill Potenzial. ''Mir mussen an d'Europäesch Unioun'' sou den héijen Diplomat. Deen d'Hoffnung och net opginn huet, datt d'Ukrain enges Daags Member vun der NATO kéint ginn.
 
"Falls si zum Beispill – theoretesch gesinn – entscheeden, datt si net bereet sinn, net fäeg sinn, nach een aneren opzehuelen, da soll et zouverlässeg Sécherheetsgarantien an der Form vum Artikel 5 am NATO-Stil ginn."
 
En anert waarmt Eisen am Kader vu Friddensgespréicher ass déi territorial Integritéit vun der Ukrain.
 
"Et ass onméiglech, iwwer iergendwellech Konzessiounen nozedenken, well dat wier net vernënfteg vun eiser Säit, et wier net korrekt. Mir däerfen net zouloossen, datt temporär besat Territoiren als russesch unerkannt ginn – weder de facto nach juristesch. A mir appelléieren un all Länner op der Welt, dat net ze maachen. Dat wier e geféierleche Präzedenzfall, deen d’Dier opmécht fir all aner staark Länner, déi sech dann onbestrooft fillen, fir Grenze vun anere Staate mat Gewalt ze veränneren."
 
Zum Thema russesch Verméigen an Europa, déi am Kader vu Sanktiounen agefruer goufen, sou ass de Chef adjoint Cabinet President Selenskyj der Meenung, dat déi Gelder am Interessi vum Affer benotzt solle ginn, wat an dësem Fall d’Ukrain ass. Déi Sue solle blockéiert ginn, bis Russland déi voll Kompensatioun fir de Schued, d’Zerstéierungen an der Ukrain bezuelt huet. Duerno, wann all Kompensatioune bezuelt sinn, kéinten d'Suen u Russland zeréckbezuelt ginn.
 
Just zeréck vun enger Reunioun mam President Selenskyj ass den héijen Diplomat och op déi nächst Etappen an de Friddensverhandlungen agaangen.
 
"Op alle Fall si mir bereet a bestätegen d’Disponibilitéit fir Friddensgespréicher. D’Ukrain brauch dat. D’Ukrain wëll weisen, datt et net un eis läit, datt de Krich weidergeet. De President Zelensky ass absolut bereet, de Putin an all Format, op all Plaz ze treffen – ausser zu Moskau natierlech –, fir eescht driwwer ze schwätzen, dëse Krich op en Enn ze bréngen."

Am Fall, wou Russland net bereet wier, eescht Friddensgespréicher unzefänken, misst weider Drock, iwwer de Wee vu Sanktioune gemaach ginn. D'russesch Wiertschaft misst geschwächt ginn, fir dat Moskau de Krich net weider finanzéiere kann. Russland misst dru gehënnert ginn, weider mäerderesch Waffen ze produzéieren, sou den Ihor Brusylo.
 
Géintiwwer der Press, sot de russesche Präsident Putin, hie wär bereet, mam Selenskyj ze schwätzen, fuerdert awer ënner anerem weider déi ganz Regioun vum Donbass.

Kuckt hei de kompletten Interview op Englesch: