D'Déiere goufe réischt rezent nees ausgewëldert an zeréck an hiert natierlecht Habitat bruecht.

Elo gouf awer festgestallt, datt si en net heelbaren a wuel déidleche Virus hunn, heescht et vun der brasilianescher Regierung géintiwwer AFP.

Dës Krankheet geheit e Programm, mat deen een déi Blo Araen, och Spix-Arae genannt, nees zeréck an d'Natur brénge wollt, zeréck. D'Spix-Arae goufe viru 25 Joer als "an der Natur ausgestuerwen" deklaréiert a sollte mat dësem Programm nees lues a lues ausgewëldert ginn.

Déi éischt Arae waren 2020 aus Däitschland zeréck a Brasilie komm. Eng 20 vun hinne goufe fräigelooss, ma just 11 hunn bis ewell iwwerlieft.

Dës 11 goufen elo getest a bei hinnen all gouf de Circovirus festgestallt. Dëse weist sech esouwuel um Schniewel wéi och un de Fiederen, ass awer fir de Mënsch ongeféierlech. Géint d'Krankheet gëtt et awer kee Mëttel an an de meeschte Fäll huet se en déidlechen Ausgang. Nieft deenen a Fräiheet goufen der och 21 positiv getest, déi nach an engem Zenter sinn, wou d'Déiere solle Klenger kréien. Ronn 90 Arae sinn hei ënnerbruecht. Den Zenter gouf am Oktober vun engem Geriicht dozou opgefuerdert, déi 11 krank Déieren anzefänken, nodeem eng Geldstrof vun 336.000 US-Dollar decidéiert gouf, well d'Sécherheetsmesuren net agehale goufen.

D'Déieren, déi nach am Zenter sinn, goufen isoléiert, esou datt déi Gesond kee Kontakt mat deene Kranken hunn. "Kee Villchen ass gestuerwen. Si all kënnen nach gutt fléien an iesse gutt", heescht et aus dem BlueSky-Zenter.

D'Spix-Arae si weltwäit bekannt ginn, well den Animatiounsfilm "Rio" vun 2011 en Ara begleet, deen an den USA a Gefaangenschaft opgewuess ass an dono zeréck a Brasilien kënnt, fir seng Spezies ze retten.