Sécherheet a Kriminalitéit zu Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moie goung et am Face-à-face um Radio ëm Sécherheet a Kriminalitéit zu Lëtzebuerg. Invitéë waren de Léon Gloden an de Fred Keup.
D’Sécherheetsgefill huet sech verbessert, dobäi bleift den CSV-Inneminister Léon Gloden. D’Sécherheetssituatioun ass deels ganz, ganz schlecht an et muss méi gemaach ginn, kontert den ADR-Fraktiounschef Fred Keup. Déi Zwee souze sech um Mëttwoch de Moien an engem Face-à-face iwwer Thema Kriminalitéit a Sécherheet hei um Radio géintiwwer. Béid Poliker hu roueg a sachlech diskutéiert an hir Positiounen erkläert.
Duerch d’Mesuren, déi een zanter November 2023 geholl hätt, wier d’Sécherheetssituatioun besser ginn, ënnersträicht de Léon Gloden. De Rekrutement bei der Police wier staark eropgaangen. En Donneschdeg ass en Drogendësch, wou e Katalog u Mesuren néideg wär. Zesumme mat anere Ministeren a mat der Stater Buergermeeschtesch géif een de Problem am Garer Quartier léisen, huet den Inneminister versprach. D’Zuel vun Iwwerfäll a Abréch wier zejoert am Land erofgaangen.
D’Sécherheetssituatioun wier guer net gutt, mä “ganz, ganz schlecht” am Land, an deels souguer nach méi schlecht ginn. Dat géifen och d’Poliziste confirméieren. Virun allem am Stater Garer Quartier. De Fred Keup geséich, datt d’Regierung wëlles hätt eppes ze maachen, mä et misst méi geschéien. Krimineller dierften net lafe gelooss ginn, well d’Justiz net genuch Leit huet. Bei der Kriminalitéit, déi aus dem Ausland kënnt, misst méi duerchgegraff ginn. An d’Police misst méi transparent all Strofdot kommunizéieren.
D’Sécherheet wier eng kloer Prioritéit vun der Regierung, äntwert den CSV-Inneminister. De “Platzverweis renforcé” wäert kommen. D’ADR géif awer pauschaliséieren, domat wier hien net averstanen, sou de Léon Gloden. D’Strategie vun der Police hätt ee geännert: méi Presenz, méi Proximitéit a méi Preventioun. Poliziste permanent op alle Plazen am Land patrulléieren ze loossen, dat wier net realistesch. D’Kritik, datt Police Strofdoten zeréckhält an net kommunizéiert, weist de Policeminister zeréck. All Dag géif d’Police op d’mannst 3 Mol kommunizéieren. Et géif ee wëssen, datt en Deel vun der Drogekriminalitéit all Dag mam Zuch iwwer d’Grenz kënnt. Mat Frankräich géif een do zesumme schaffen, fir datt déi Leit méi séier kéinten ausgewise ginn.