
© pixabay.com
Den Educatiounsminister Claude Meisch hat gëschter annoncéiert, datt den Handy vun Ouschteren un an de Grondschoulen a Maisons relais verschwanne wäert, an och am Lycée kommen Restriktiounen. De Moien um 8 war de Minister eisen Invité vun der Redaktioun, wou et éischt Detailer gouf, an duerno hu mir Iech nach emol opgefuerdert drop ze reagéieren, ob der mat him a senger Decisioun averstane sidd oder net.
An och bei eis um Internet gëtt kommentéiert. De 'Naturfan' schreift 'Et ass schonn erstaunlech wi den Här Minister seng Meenung geännert huet. An engem rezenten Interview sot hien, d'Kanner an d'Jugendléch wären ze vill online ënnerwee an dat misst een änneren. Dobäi war et dach den Här Meisch selwer, den di vill Tablets an de Schoulen mat Begeeschterung agefouert huet'
An de 'Majestix' schreift: 'Keen Handy an der Schoul, dann och keen Home-Schooling méi iwwer Video conference, keng E-Maile méi vun der Schoul oder Ministeren ausserhalb der Schoulzäit!'
Den Thema wäert eis bestëmmt nach bis Ouschteren an och doriwwer eraus begleeden, well elo gouf eng Diskussioun ugereegt, déi jo net just op d'Schoul begrenzt ass.
Hei kommt Dir bei den Invité vun der Redaktioun: