E Freideg de Moie war ënner anerem d'Handyverbuet an de Grondschoulen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Den Handy hätt an der Schoul einfach Iwwerhand geholl, dat sot den Educatiounsminister Claude Meisch e Freideg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Dowéinst géif een och elo reagéieren. Dofir géif d'Schoul hir Responsabilitéit huelen. En Donneschdeg huet den DP-Minister en integraalt Handyverbuet an der Grondschoul an de Maison-relaisen an eng raimlech Distanz tëscht Handy a Schüler a Schülerin wärend dem Unterrecht am Lycée annoncéiert, déi an den nächste Méint sollen ausgeschafft ginn. Hie géif sech nees méi Kontakt tëscht de Jonke wënschen, datt an der Paus och mol nees "e Schwamm flitt", amplaz datt jidderee just nach op den Ecran kuckt. D'Kanner an déi Jonk missten  aus hirer Passivitéit erausgeholl ginn.
 
De Smartphone huet an der Grondschoul näischt verluer
 
Bis 12 Joer sollt e Smartphone guer net méiglech sinn, sou de Claude Meisch bei eis op der Antenn. An deem Sënn ass eng breetugeluechte Campagne och fir d’Eltere geplangt fir op d'Geforen opmierksam ze maachen. Wëssenschaftlech Etüde wieren antëscht sou erdréckend, datt de Smartphone wierklech net gutt wier fir déi Jonk, sou den Educatiounsminister formell. Den Handy huet an der Grondschoul an an der Maison-relais näischt verluer. Wann Elteren mat hirem Kand a Kontakt wëlle sinn, sollte se en normalen Telefon matginn mat ee just uruffe kann a soss näischt.

Kanner, déi sech net un d'Reegelen halen, kéinten natierlech sanktionéiert ginn an den Handy ofgeholl kréien. Dem DP-Minister no misst duerfir och net zwéngend d'Schoulgesetz geännert ginn. Hei géif virun allem d'Autoritéit vum Enseignant gëllen, deen och vum Ministère de Réck doranner gestäipt géif kréien.
 
Iwwregens kréien och d'Crèchen d'Virgab vun Januar d'nächst Joer u komplett op den Asaz vun Ecranen ze verzichten.

Den Handy an der Klass féiert zu méi schlechte Resultater
 
Am Secondaire gëtt méi differenzéiert gekuckt. Hei geet et dem Ministère haaptsächlech drëm, datt den Handy net méi am Klassesall present ass an net méi vum Unterrecht oflenkt. Ënnert anerem déi lescht Pisa-Etüd hätt gewisen, datt d'Schoulresultater duerch den Handy an der Klass méi schlecht ginn. 
Doriwwer eraus, ass all Lycée fräi, sech en eegent Konzept ze ginn. E generellt Verbuet, Handyverbuet an der Kantin oder nëmme fir gewësse Joergäng... Dat Ganzt sollt dem Ministère no am beschte mat der ganzer Schoulcommunautéit ausgeschafft ginn an duerno vum ganze Gebai matgedroe ginn. D'Direktiounen hunn heifir Zäit bis Péngschten. Wann ee gär hätt, datt  déi Jonk de Smartphone respektiv d'Smartwatch (déi och concernéiert ass) ewechleeën, misst een hinnen och attraktiv analog Alternative bidden. 
 
Ipad-Klassen gi vum Ministère net a Fro gestallt
 
D'Tablet-Klasse sollen iwwerdeems bäibehale ginn. Trotz Etüden aus Schweden, déi zur Konklusioun komm sinn, datt duerch den Asaz vum Tablet an der Schoul d'Kompetenzen am Liesen an am Rechnen ofgeholl hunn. An den Ae vum Claude Meisch wier net d'Technologie u sech de Problem, mä d'Notzung vum Outil.  
 
De liberalen Educatiounsminister huet e Freideg de Moien de Virworf zréckgewisen, datt Lëtzebuerg par rapport zu anere Länner hannendra wier beim Thema. Et hätt ee schonn 2020 Elterebréiwer verschéckt, fir op d'Gefore vun den Ecranen opmierksam ze maachen.
 
D'Formatioune fir déi generell Alphabetiséierung op franséisch lafen un
 
Bei der generaliséierter Alphabetiséierung op franséisch vun der Rentrée 2026/2027 u géif um Enn d'Parlament tranchéieren, ob d'ganzt Land op dee Wee geet oder net. Natierlech zwar op Recommandatioun vum Minister. De Claude Meisch verstoppt net, datt fir hien elo steet scho feststeet, datt dës parallel Offer e Succès ass. Hie wier iwwerzeegt, datt een dee Wee misst goen, fir Gerechtegkeet an de Lëtzebuerger Schoulsystem ze kréien. D'Formatioune fir d'Enseignante lafen elo och schonn un an de Ministère sicht den Dialog mat de Gemengen an de Gewerkschafte  fir an zwee Joer prett ze sinn.

Invité vun der Redaktioun: Claude Meisch

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.